
Dës Woch huet de sougenannten Hamdog den Internet eruewert! Den Numm erkläert sech eigentlech scho bal vu ganz eleng: Eng Mëschung aus Hamburger an Hotdog! An Zukunft musse mer eis elo also net méi decidéieren ob mer Hotdog oder Hamburger bestellen...
Méi Amerikanesch geet wuel net!
Klappt een dat Dengen op, gesäit ee wéi dat Ganzt zesumme gesat ass: Hamburger deelen an an der Mëtt den Hotdog placéieren. Esou entsteet déi eemoleg Form vum Hamdog. D'Bréitche muss wéinst senger spezieller Form allerdéngs extra geformt a gemaach ginn.
Wien kënnt ob esou eng Iddi?!?!
Den Erfinder vum Hamdog ass awer en Australier, nämlech de Mark Murray, deen zënter 12 Joer u sengem Meeschterwierk geschafft huet. An där Zäit huet hien 2009 schonn e Patent ugefrot gehat. Elo wier et un der Zäit den Hamdog der Welt ze presentéieren, esou de Murray.
Den Ament kritt een de Burger (...oder Hotdog) op speziellen Events a Mäert an Australien fir 6 Dollar. An Zukunft ass awer geplangt den Hamdog och an d'ganz Welt ze verkafen.

