An hei?!43 Joer am Rollstull wéinst falscher Diagnos

De Rufino Borrego aus Protugal kann no 43 Joer nees goen. T'ass allerdéngs kee Wonner, well eigentlech hätt de Portugis de Rollstull ni gebrauch!

Leschten Update: 26.09.2016, 16:09:07

© freepik.com

Wéi de Rufino 13 Joer al war, hunn d'Dokteren gemengt hien hätt eng onheelbar Muskelkrankheet a gouf dofir an de Rollstull gesat, aus deem hien 43 Joer net méi opgestanen ass. 2010 huet en Neurolog duerch Zoufall eraus fonnt, dass dee mëttlerweil 61 Järegen un enger ganz anerer, zwar seelener, dofir awer heelbarer Krankheet gelidden huet.

Mat Asthma-Medikamenter konnt een de Mann elo heelen, sou dass hien scho kuerz drop selwer a säi Liiblingscafé lafe konnt.

"Mir hu gemengt et wier e Wonner", sou de Besëtzer vum Café.

Rosen op d'Dokteren ass de Rufino awer net. D'Krankheet wier jo immens onbekannt gewiescht, dofir kéint een hinne kee Virworf maachen. De Portugis wéilt säi Liewen elo einfach nëmme nach genéissen.