An hei?!Tom Hanks "photobombt" Hochzäitsfoto

Den Tom Hanks suergt fir eng onvergiesslech Hochzäitsfoto bei enger Koppel an den USA.

Leschten Update: 29.09.2016, 10:57:37

© screenshot/instagram.com

Während dem Foto-Shooting am Central Park zu New York ass de 60 Joer alen Acteur laanscht gelaf an ass einfach emol kuerz stoe bliwwen.

"Hien huet d'Kap ausgedoen, huet sech bei eis gestallt a gesot: 'Salut, ech sinn den Tim Hanks'", esou d'Fotografin an der Huffington Post.

Direkt duerno huet sech jiddereen d'Hand ginn an e Selfie zesumme gemaach. Et war esou guer den Acteur selwer deen d'Foto op Instagram gepost huet: "Elizabeth a Ryan! Gratulatioun an alles Gutts!"

Elizabeth and Ryan! Congrats and blessings! Hanx.

Ein von Tom Hanks (@tomhanks) gepostetes Foto am