
© screenshots/instagram.com
A wann een sech d'Burger am "Café 51" esou ukuckt, da kéint et scho mol ganz schwéier ginn, dee komplett op den Aarm ze kréien! Den Andrew huet sech dovun net ofschrecken a sech säi Burger ouni ze Zécken op d'Been stieche gelooss. "Et war dee beschte Burger, deen ech bis elo giess hunn!", sou de Gaascht.
Den Tattoo muss een allerdéngs selwer bezuelen. Trotzdem hunn sech scho 6 Leit op den Deal agelooss. Vun elo u muss een sech allerdéngs online registréieren. An de leschten 3 Deeg hunn sech schonn iwwer 3000 Leit ugemellt!