
© aerovelo.com
Dass en neie Rekord opgestallt gouf, dierft awer net eleng um trainéierte Fuerer leien, mä virun allem um speziellen Design vum Eta, sou de Numm vum Vëlo. De Rekord gouf iwwregens um Human Powered Speed Challenge a US-Bundesstaat Nevada opgestallt, engem Event, bei deem all Joers Leit mat hire selwer entwéckelte Vëloe géinteneen untrieden.
Den Aerovelo huet iwwregens keng Fënsteren. Fir eppes ze gesinn, goufe baussen 2 kleng Kameraen ugeschrauft, déi d'Biller bannen op 2 klengen Displays uweise loossen. Den Entwéckler wëll säin Highspeed-Vëlo net vermaarten, mä einfach nëmmen drop opmierksam maachen, zu wat de Mënsch eleng fäheg ass!