An hei?!Rekord: Belsch presentéiert 1,2 Tonne schwéiere Kürbis

E Ziichter aus der Belsch huet den aktuell schwéierste Kürbis presentéiert: 1190,5 Kilogramm!

Leschten Update: 10.10.2016, 15:31:26

© THOMAS KIENZLE / AFP

De Belsch Mathias Willeminjs huet en neie Weltrekord op der Kürbis-Weltmeeschterschaft zu Ludwigsburg opgestallt. Fir de Gewënn kritt de Belsch 1500 Euro an nach eng Kéier zousätzlech 10 000 Euro fir den neie Weltrekord.

Bei der Europameeschterschaft hunn iwwregens 18 Ziichter ëm déi éischt Plaz gekämpft. D'Geheimnis, wéi dem Mathis säi Kürbis esou grouss konnt ginn, verréit de Belsch och: "Et muss een alleguerten d'Friichten ofschneiden, bis op eng Fruucht, fir dass déi komplett Kraaft an nëmmen déi eng Fruucht gestach gëtt."