An hei?!Luschen Trend: Selfie maache während een an d'Hänn klappt?!

Alt nees en neien Trend... Mä opgepasst: Hei kann den Handy gäre futti goen!

Leschten Update: 12.10.2016, 07:50:36

© screenshot/twitter.com/@TOSUBUCK

Den Amerikaner Seth Schneider huet eng nei Challenge um Social Web lancéiert: An d'Hänn klappe während een e Selfie mécht. Kléngt eigentlech ganz einfach. Eenzegen Hoke bei der Saach ass, dass ganz vill Handyen de Versuch bei der Challenge matzemaachen, net ganz iwwerliewen.

De Seth huet um Weekend folgend Foto op Twitter gedeelt:



"Haut sinn ech immens houfreg op mech! Ech hunn et gepackt e Selfie vu mir ze maachen, wéi ech mir selwer en High Five ginn!", schreift de Seth drënner.
Den Tweet gouf iwwer 170 000 Mol gedeelt an huet a kuerzer Zäit immens vill Nomaacher fonnt.

Wien dat Ganzt elo selwer probéiere wëll, sollt onbedéngt oppassen, dass den Handy net op de Buede fält a bei bei dësem Beispill virsuergen: