An hei?!Rekordstrof: 600 Euro wéinst Hondsdreck!

Et ka scho mol richteg deier gi wann een Hondsdreck net ewech mécht... Déi Erfahrung huet elo eng Fra an Éisträich misse maachen!

Leschten Update: 13.10.2016, 09:20:29

2 sougenannte WasteWatcher hunn zu Wien an engem Park gesinn, wéi eng Fra de Koup vun hirem Hond einfach leie gelooss huet, amplaz en an enger Plastikstut ze entsuergen. D'Beamten hunn der Fra doropshin e Protokoll vu 36 Euro ausgestallt.

D'Wienerin huet awer refuséiert deen ze bezuelen. Si wollt de Kéipchen och duerno net ewech maachen. Si konnt och keng Carte d'Identité virweise an huet d'Beamten dobäi och nach uerg beleidegt. Géint d'Fra gouf um Enn eng Plainte gemaach an si krut och eng Strof vu 600 Euro! Dobäi kommen nach 10 Euro Beaarbechtungsgebühr...

Eleng zu Wien sinn an de leschte Méint Strofe vu ganzer 3.700 Euro duerch d'WasteWatcher era komm. Wien gëllt net ëmsoss als eng vun de propperste Stied op der Welt.

Déi nächste Kéier wäert sech d'Fra wuel 3 Mol iwwerleeën, ob si den Dreck leie léisst oder net.