Verschidden Etudë wëllen anscheinend eraus fonnt hunn, dass et gutt ass direkt moies fréi e Stéck Schockela ze iessen, well eise Stoffwiessel do am beschte schafft. D'Fuerscher vun der Tel Aviv University konnten no verschiddenen Tester festhalen, dass Schockela a Kombinatioun mat Proteinnen a Kuelenhydrater (am beschten also direkt e Schockelaskuch), eis dovunner ofhält, am Nomëtteg Séisses ze iessen. D'Loscht op Zocker soll esou geholl ginn an domat vill Kalorie gespuert...
32 Woche laang gouf dëst un 193 Persoune getest. D'Halschent konnt Moies 300 Kalorien zou sech huelen, déi aner Halschent 600 Kalorien, woubäi et ëmmer Schockelaspudding dobäi gouf.
Um Enn hunn déi Persounen, déi moies vill a séiss giess hunn, méi ofgeholl wéi déi aner Halschent. E weidere gudden Nieweneffekt: Donkele Schockela soll sech positiv op eist Gehir auswierken.
Da feelt just nach eppes: Gudden Appetit! :-)