
© afp
Eng éischter ongewéinlech Meldung gouf et um Méindeg am offizielle Police-Bulletin.
Et gi nämlech Zeien gesicht déi eventuell mat kruten wéi an de läschten Deeg op engem Feld bei Déierbech eng 160 Kabes-Käpp geklaut goufen.
Et schéngen geübten Hobby-Gäertner gewiescht ze sinn, schreift d'Police, well dem geschiedegte Bauer no, d’Geméis allkéiers mat engem eenzege Schnatt ofgeschnidden a matgeholl gouf.
Zeie ginn elo gesicht déi eventuell vun enger noer Strooss aus gesinn hunn ween sech um Kabes vergaangen huet.
D'Police vun Ëlwen enquetéiert. D'Kommissariat ass ze erreechen ënnert der Nummer 2448-7500.