An hei?!Blöd Plaz fir ëm d'Hand vun der Fra unzehalen...

Alles war gutt geplangt, bis op d'Plaz!

Leschten Update: 07.01.2017, 17:29:22

© screenshot/youtube.com

Den Isaiah Adams huet sech vill Gedanken doriwwer gemaach, wéi hien am beschten ëm d'Hand vu senger Frëndin Grace unhale kéint a virum allem wou! Eng romantesch Plaz virun den Cunningham-Waasserfäll am US-Staat Maryland huet dofir perfekt geschéngt... Wier do net dat villt Waasser!

No enger klenger Fotosession virun de Waasserfäll, ass den Isaiah nämlech op d'Knéie viru senger Frëndin gaangen an huet hatt gefrot, ob et hie wéilt bestueden. D'Grace, dat viru Freed gekrasch huet, war esou opgereegt, dass him de Rang, wéi et en wollt aus der Këscht huelen, erof gefall ass, direkt an de Waasserfall.

Bestuet gouf sech trotzdem! (Och wann de Rang net grad geschenkt war).