An hei?!Ellene Puppelchen: Bom bréngt Enkel zréck!

A Kolumbien huet sech elo eng skurril Geschicht ofgespillt!

Leschten Update: 10.01.2017, 13:12:18

Net all Puppelchen ass léif... Déi Erfahrung huet och eng Bom aus Kolumbien misse maachen. Nodeems si hiert Enkelkand fir eng éischte Kéier am Aarm hat, huet si d'Meedchen an den Enkel séier zréck an d'Klinik gefouert an sech bei der Infirmière doriwwer beschwéiert, dass de Puppelche vertosch gi wier!

D'Bom wollt einfach net verstoen, dass hiert Enkelkand net zu de léifsten a schéinste Puppelcher gehéiert a wollt de Baby zréck ginn.

D'Klinik huet sech iwwregens geweigert de Puppelchen zréck ze huelen. No engem neien Check, gouf d'Famill nees heem geschéckt.