An hei?!3-Järege fiert eleng vu Berlin op Leipzig

Eng Mamm war liicht iwwerfuerdert an huet zu Berlin op der Gare all hir Kleng aus den An verluer...

Leschten Update: 11.01.2017, 17:04:16

Eng Mamm hat hir 4 Kanner de Méindeg zu Berlin op der Gare komplett aus den An verluer, wéi si Tickete fir den Zuch kafe wollt. Eng Mataarbechterin huet den 3 Joer ale Bouf am ICE vu Leipzig op Berlin fonnt an der Police Bescheed gesot, déi sech zu Leipzig ëm de Jong gekëmmert hunn.

2 Kanner goufen op der Gare selwer erëmfonnt an séier zréck bei d'Mamm bruecht. Dat 4. Kand ass op der Gare Berlin-Südkreuz erëmfonnt ginn. D'Kanner konnten nëmme Spuenesch an Italienesch, wouduerch et net ganz einfach war, d'Mamm ze ermëttelen.

Mëttlerweil ass d'Famill nees zesummen a konnt weider op München reesen.