An hei?!Millionärin wëll Lotterie verkloen

"De Gewënn huet mech onglécklech gemaach" - Dat behaapt eng jonk Fra aus Edinburgh a wëll d'Lotterie dofir verkloen!

Leschten Update: 15.02.2017, 10:00:46

© facebook.com/janeparker

Wéi heescht et sou schéin: Gléck kann een net mat Geld kafen! Déi Erfahrung huet elo och eng jonk Millionärin aus Groussbritannien gemaach. D'Jane Park hat sech mat 17 Joer (An England dierf ee mat 16 scho Lotto spillen) e Euromillion-Lous kaf a gewonnen! Domat ass si déi jéngste Gewënnerin a Groussbritannien. 

An nëmmen engem Joer huet déi jonk Gewënnerin d'Sue fir Poschen, en Hond, eng Broschtvergréisserung an en Haus ausginn. Allerdéngs huet dat alles d'Jane net vill méi frou gemaach, mä éischter de Géigendeel! "D'Millioun huet mech traureg gemaach an ech gi vu menge Kollegen eleng gelooss", sou d'Gewënnerin.

Mëttlerweil ass d'Jane Park 21 Joer al a wënscht sech déi Suen ni gewonnen ze hunn. "Mäi Liewe wier ëm esou villes méi liicht, hätt ech ni beim Lotto gewonnen" ...

An der Roserei wëll déi jonk Gewënnerin elo d'Lottogesellschaft verkloen. De Fakt, dass ee scho mat 16 Joer e Lous kafe kann, wier e Feeler. Jonker kéinte mat esou ville Suen einfach net ëmgoen.