An hei?!7-Järegt schéckt eng Demande u Google a kritt geäntwert!

D'Chloe ass sech sécher: "Ech wëll bei Google schaffen!". Dofir huet hatt e Bréif un de "Google Boss" geschriwwen a krut souguer eng Äntwert!

Leschten Update: 18.02.2017, 07:02:29

Wann dir schonn eng Kéier eent vun de Google-Büroen op dëser Welt gesinn hutt, da sot dir iech bestëmmt och: "Hei wëll ech eng Kéier schaffen!". Kamellen, Legosteng, cool a flott Aarbechtsberäicher a Kreativraim.

Beim Chloe Bridgewater aus England, war dat genee d'selwecht. D'Meedche vu 7 Joer huet doropshin dem "Google Boss", wéi hatt en a sengem Bréif nennt. De Papp huet säi Meedchen op d'Iddi bruecht scho mol e Bréif ze schreiwen. A genee deen huet hien du ganz einfach op Social Media gepost.

Op LinkedIn koum och d'Äntwert vum Sundar Pinchai, CEO vu Google:
"Merci fir däi Bréif. Ech freeë mech, dass du Computer a Roboter gären hues an hoffen, dass du och an Zukunft weider un fir schaffs, da ginn deng Dreem och Realitéit! ... Ech freeë mech elo schonn op deng Demande wann s du mat der Schoul fäerdeg bass."

De Bréif vum Chloe huet iwwregens folgendermoossen ausgesinn:

"Léiwe Google Boss,
Mäin Numm ass Chloe a wann ech grouss sinn wëll ech en Job bei Google. Ech wëll och an enger Schoklasfabrik schaffen an als Schwëmmerin bei Olympia! ... Mäi Papp mengt, wann ech brav sinn a léieren, da kéint ech enges Daags en Job bei Google kréien. ...

Mäi Papp huet och gesot, ech soll dës Demande schreiwen. Ech weess zwar net genee wat dat hei ass, mä hien huet gemengt e Bréif wier emol ok. Merci, dass Dir mäi Bréif liest, ech hu bis elo just dem Kleeschen ee geschriwwen. Äddi."