An hei?!Facebook-Hype: Wat huet et mat der "Trash-Dove" op sech?

Den Ament huet déi mof Dauf den Internet voll am Grëff! Mä wat huet et iwwerhaapt mat hir op sech?!

Leschten Update: 18.02.2017, 07:02:34

Si ass momentan den absolute viralen Hit! Mä firwat wackelt d'Dauf iwwerhaapt non stop mam Kapp erop an erof?

Erfonnt ginn ass d'Dauf vun der kalifornescher Kënschtlerin Syd Weile, déi e Virschlag bei Facebook agereecht hat. Zënter dem 31. Januar kann ee mat der mofer Dauf op Noriichten op Facebook äntweren.

Den Hype selwer koum duerch en thailännesche Video, an deem eng Kaz mat der Dauf kombinéiert gouf. Dee gouf Millioune Mol gekuckt a geshared an huet dem mofe Villchen esou zum Succès verhollef!




D'Kënschtlerin selwer äntwert op d'Fro "Firwat déi Dauf elo gutt ass?", mat engem einfachen: "Si ass, wat s du draus mëss!"