An hei?!Déi brutaalst Geeschterbunn op der Welt!

Anscheinend soll nach keen de kompletten Tour op der schlëmmster Geeschterbunn vun der Welt gepackt hunn!

Leschten Update: 14.03.2017, 18:45:54

© screenshot/youtube.com

Op der McKamey Manor zu San Diego erlieft een säin eegenen Horrorfilm! Si gëllt als déi schlëmmste Geeschterbunn op der Welt a soll och, gleeft een de Biller an de Videoen, immens brutal sinn! De Besëtzer Russ McKamey versicht déi Leit, déi wëllen deelhuelen, nach dovunner ze iwwerzeegen, et léiwer sinn ze loossen. Wien sech dann awer dozou entschléisst, erlieft déi schlëmmsten 8 Stonne vu sengem Liewen!

Wien hei wëll matmaachen, muss iwwer 21 Joer al sinn an ënnerschreiwen, dass e fräiwëlleg matmécht, sech averstanen erkläert kierperlech Qualen ze erdroen a souguer eventuell Blessuren a Kaf hëlt.

Mä dat eleng geet nach net duer! Jiddereen dee matmaache wëll muss zousätzlech nach e Schreiwes iwwer e gudde psycheschen a physeschen Zoustand virleeë kënnen.

Duerno kann een sech dann duerch d'McKamey Manor joe loossen. Et gëtt ee gefaangen, erschreckt, gefoltert,... Alles Deel vun der "Survival Horror Bootcamp Experience".