An hei?!Geriicht: Faul Studentin muss 32.000 Euro bezuelen

De Papp selwer huet säi Meedchen ugeklot, well dat ze laang gebraucht huet fir säi Studium fäerdeg ze maachen.

Leschten Update: 15.03.2017, 16:03:17

Eng Studentin vu Wien muss elo, sou huet d'Geriicht et entscheet, sengem Papp 24.000 Euro Alimenter zeréckbezuelen. Dobäi kommen 8.000 Euro Geriichtskäschten. 

All Mount huet de Papp senger Duechter nämlech 600 Euro iwwerwisen, an dat iwwer Joren. D'Studentin huet am ganze 15 Semester gebraucht fir de Bachelor-Ofschloss ze maachen. Während där Zäit gouf vun Theaterwëssenschaft op Architektur gewiesselt. Duerno huet d'Studentin dunn de Master ugefaangen.

Viru Geriicht gouf dunn festgehalen, dass esou eng Ausbildung vum Nowuess mat voller Verantwortung a Gewësse sollt duerchgezu ginn.