An hei?!8-Järege fiert mat klenger Schwëster bei de McDonald's!

Am US-Bundesstaat Ohio ass e klenge Jong vun 8 Joer zesumme mat senger 4 Joer aler Schwëster am Papp sengem Auto bei de Fast Food-Restaurant gefuer.

Leschten Update: 13.04.2017, 14:51:36

Kanner maachen déi komeschst Saache wann d'Elteren net oppassen oder wéi an dësem Fall, schlofen. Am Bundesstaat Ohio huet e klengt Kand vun 8 Joer kuerzerhand seng Schwëster, 4 Joer, an dem Papp säin Auto agelueden an ass mat him 2 Kilometer wäit an en nächste McDonald's Restaurant gefuer, wou si um Sonndeg Owend en Cheeseburger giess hunn.

De Bouf huet der Police, déi kuerz drop agetraff ass, erkläert, dass hien sech d'Fuere mat Youtube-Videoe selwer bäibruecht huet. Dem Jong no wier och net zu engem Accident komm, obwuel um Wee 4 Kräizungen, an Eisebunnsschinne louchen! Zeien hu souguer ausgesot, dass de Jong sech un d'Verkéiersregelen an un d'Vitesselimite gehalen huet.

Nodeems de Papp, midd vun der Aarbecht, direkt an d'Bett gaangen ass an d'Mamm op der Kusch ageschlof war, huet de Jong sech den Autosschlëssel ënnert de Nol gerappt an ass lass gefuer...