An hei?!Single-Studentin presentéiert sech per Powerpoint

Per Powerpoint-Presentatioun erkläert eng US-Studentin hirem Schwarm, wisou hatt déi ideal Frëndin wier!

Leschten Update: 22.04.2017, 07:23:46

© screenshot/twitter.com

Net all Mann reagéiert ob déi kleng Gesten, déi Fraen eriwwer ginn, fir hiren Interessi ze weisen. Déi Erfahrung huet leider och missen d'Lizzy Fenton maachen. Déi jonk Studentin hat sech op der Uni an de Carter verkuckt, deen awer vill ze vill zeréckhalend war.

Fir him e wéineg op d'Spréng ze hëllefen, huet déi jonk Studentin eng éischter ongewéinlech Methode benotzt: Per Powerpoint-Presentatioun huet d'Lizzy erkläert wisou hatt déi perfekt Frëndin fir de Carter wier. Déi Presentatioun huet d'Studentin hirem Schwarm per Mail geschéckt an se och op Twitter gepost.




Op 6 Säite gi Grënn opgezielt wisou de Carter d'Studentin date sollt, illustréiert mat Biller, Text a Fotoen.

Microsoft huet souguer op den Tweet reagéiert an gemengt et misst een nach e weider Slide bäifügen, mat der Bemierkung "Zimlech gutt am Powerpoint".

Just de Carter huet sech um Enn relativ onbeandrockt gewisen: "Dat ass jo ganz léif, mä hal w.e.g. op mech ze kontaktéieren"...