An hei?!Hals- & Beebroch bei Dräier um Balcon

D'Positioun war anscheinend Schold.

Leschten Update: 02.08.2017, 08:16:17

Symbolfoto

2 Frae goufen zu Bad Breisig an Däitschland mat Frakturen an d'Spidol ageliwwert nodeems si sech zu zwee mat engem Partner um Balcon ameséiert haten.

Eng vun de Fraen ass eegenen Aussoen no, duerch e "Positiouns-Sträit" 3 Meter an Déift gefall. Déi aner Fra, déi hirer Frëndin hëllefe wollt ass am Trapenhaus ausgerutscht a gefall.

Resultat: Ee gebrachen Aarm an eng Fraktur am Genéck.

Dobäi kënnt dann um Enn och nach e Protokoll, well déi 2 Frae plakeg op enger Terrasse am Sous-Sol louchen.
Fir de Mann huet dat Ganzt keng Konsequenzen, dat Ganzt gouf als Accident agestuuft.

Villäicht wier an deem heite Fall "Bondage" déi besser Alternativ gewiescht.