An hei?!Fra schneit hirem Mann am Schlof de Penis erof

Aus Südkorea iwwerrennt eng skurril Noriicht d’ganz Welt. Eng Fra trennt hire Mann vu sengem beschte Stéck, well en ze vill Golf gespillt huet.

Leschten Update: 05.09.2017, 14:37:04

Wat ginn et Saachen? Absurd a gläichzäiteg en Albdram vir all Mann. Säi "Produktionsapparat" ass en elo wuel lass.

Ugefaange mat engem Sträit, eskaléiert et schnell tëscht enger Koppel a fënnt en Enn an  engem haarde Gejäiz. Eng Fra huet hirem Mann am Schlof säi beschte Stéck erof geschnidden. Par la Suite, huet sie d’männlecht Material, mat engem Zoch an D’Kanalisatioun vu Yesou katapultéiert.   

D’Noperen alarméieren direkt d’Police, déi no dëser schrecklecher Dot de Mann voller Blutt um Buedem fannen. An der Klinik gëtt de Mann noutoperéiert.

D’Fra erkläert hier Aktioun domadder, dass hire schwéierblesséierte Mann ze vill Zäit um Golf verbruecht huet, sie ignoréiert an hir net genuch Geld ginn huet. Sie kuckt elo mol eng Zäitchen duerch d’Gitteren.