An hei?!Net-Fëmmerte kréien zousätzlech Vakanzendeeg

A Japan wëll eng Entreprise Mataarbechter belounen, déi d'Fangere vun der Zigarette loossen. Bis zu 6 zousätzlech Congésdeeg sollen Net-Fëmmerte kréien.

Leschten Update: 03.11.2017, 06:03:27

© dpa/dpa/picture-alliance/Jens Kalaene

Bal all Net-Fëmmert huet sech dat schonns eemol ausgerechent. Zielt een d’Minutten zesummen, déi Aarbechtskollege fir hir Fëmmpaus brauchen, da kommen op ee Joer gerechent, bestëmmt e puer Deeg zesummen. Dat fillt sech ongerecht un, schliisslech mussen d’Fëmmerte fir déi vill Pausen net méi laang schaffen.

Eng japanesch Entreprise huet dofir eng radikal Mesure ergraff. Bei der Marketingsfirma Piala ginn Net-Fëmmerte mat 6 zousätzleche Vakanzendeeg pro Joer belount. D’Situatioun ass speziell. D’Piala Büroe sinn um 29. Stack vun engem Gebai. Wie fir ze fëmmen erausgeet, brauch op mannst 10 Minutte fir eng Fëmm-Paus.

Ee Mataarbechter hat sech iwwert den Zäitverloscht vu sengen Aarbechtskollege beschwéiert. D’Entreprise vun 120 Mataarbechter huet doropshin am September eng nei Mesure agefouert.  

Bei den Ënnerhalungen am Fëmmraum geet et dacks ëm Aarbechtssujeten. Dofir huet een entscheet, Net-Fëmmerten ze belounen, amplaz d’Fëmmerten ze bestrofen, heescht et vun engem Spriecher vun der Firma.

Déi nei Mesure weist dann och Wierkung. Zënter der Aféierung hu 4 Mataarbechter mam Fëmmen opgehalen. Wann se ee ganzt Joer duerchhalen, kréien och si 6 zousätzlech bezuelte Vakanzendeeg, versprécht d'Entreprise.