An hei?!Den RB Leipzig sëtzt wéinst Luxair-Maschinn zu Porto fest!

Pech a Pannen a Portugal! Nodeems den RB Leipzig 1-3 zu Porto verluer huet, gouf elo och nach hire Fluch fir zréck op Leipzig verluecht...

Leschten Update: 03.11.2017, 13:30:53

© Eldoradio

Nom verlueren Champions-League Match wollt den RB Leipzig sech einfach nëmmen nach aus dem Stëbs maachen an de Match zu Porto sou séier wéi méiglech hannert sech loossen. Um 11h15 sollt de Fliger vun der Luxair mat der Ekipp vum RB Leipzig zu Porto starten - de Co-Pilot huet dem Club awer leider e Strech duerch d'Rechnung gemaach... Well de Co-Pilot krank ass muss elo mol fir d'éischt no engem Ersatz gesicht ginn, éiert de Fliger dann hoffentlech am spéiden Nomëtteg Porto endlech verloosse kann!