An hei?!Jean-Claude Juncker weist sech an neiem Outfit

Am Kader vun der Iwwerreechung vun engem Éierentitel huet de Politiker sech an enger ongewéinlecher Tenue gewisen...

Leschten Update: 03.11.2017, 18:55:09

© Twitter Jean-Claude Juncker

Am Kader vun der Iwwerreechung vum Éierentitel “L’Honoris Causa” vun der portugisescher Universitéit Coimbra huet de Jean-Claude Juncker sech an engem éischter speziellen Outfit gewisen:





Bei der Iwwerreechungsfeier hat de fréiere Lëtzebuerger Premier eng fir d’Universitéit traditionell Tenue un. Dës huet sech aus engem Hutt, dee liicht un eng Klack erënnere léisst, an engem genau sou schéin dekoréiertem Ëmhang zesummegesat.

D’Faarf vum Outfit war och keen Zoufall: Den EU-Kommissiounspresident huet sech a rout gewisen, dës Faarf steet op der Universitéit fir de juristeschen Departement.

Den EU-Politiker huet dunn och nach eng Kéier op Twitter Merci fier d'Éierung gesot: