D'Sprochsoftware "Alexa" ass eng Aart digitale Butler an huet zu Pinneberg an Däitschland fir e Police-Asaz gesuergt! Um 3h00 an der Nuecht ass et den Noperen duergaangen an hu wéinst ze haarder Musek d'Police geruff. Well awer keen der Police d'Dier opgemaach huet, huet d'Police sech selwer Zougang zu der Wunneng verschaaft. D'Poliziste waren awer zimlech erstaunt, dass et keng Hausparty war, déi fir de Kaméidi gesuergt huet! D'Wunneng war eidel, de Besëtzer war nämlech op der Reeperbahn zu Hamburg ënnerwee, an d'Musek koum aus dem "Alexa", dat och ouni Befeel einfach Musek lafe gelooss huet! Fir de Besëtzer war déi ganz Geschicht manner witzeg, well hie muss elo fir déi ganz Käschte vum Asaz opkommen!