An hei?!Jong rifft d'Police nodeems en am Puff war!

E 14 järege Jong war no senger Visite am Puff esou enttäuscht, dass hien d'Police geruff huet!

Leschten Update: 07.11.2017, 12:10:22

© dpa

E 14 järege Jong, dee sech als 20 järegen ausginn huet, war vun der erbruechte Leeschtung vun enger Prostituéiert immens enttäuscht an huet sech dunn opgereegt. Déi 53 järeg Fra huet de Jong doropshin aus hirem Zëmmer geheit! Well dat de Jong awer nach méi enttäuscht a rose gemaach huet, huet dësen D'Police geruff! Wou d'Police am Puff ukomm ass, hu se direkt de richtegen Alter vum Jong festgestallt an hunn e mat engem Verweis bei deen nächste Busarrêt gefouert, fir esou heem ze fueren!

Wat genau de jonke Mann sech vun deenen 20€ erhofft huet, huet d'Police awer leider net präziséiert!