An hei?!Sängerin Sia verëffentlecht plakeg Foto!

Op hirem Instagram-Account huet d'Sängerin Sia eng plakeg Foto vu sech verëffentlech...dëst awer net ganz fräiwëlleg!

Leschten Update: 07.11.2017, 14:50:10

© www.youtube.com

Well e Paparazzi probéiert huet plakeg Fotoe vun der Sängerin fir deiert Geld ze verkafen, huet d'Sia d'Foto einfach selwer publizéiert fir ze verhënneren dass d'Fans fir esou eng Foto vill bezuele missten! An engem Instagram-Post schréift d'Sängerin "Iergendeen probéiert grad plakeg Fotoe vu mir u meng Fans ze verkafen! Spuert är Suen, hei hutt da se fir näischt. All Dag ass Chrëschtdag!"

Déijéineg déi masseg Geld mat dëser Foto verdénge wollte si wahrscheinlech net esou frou iwwert dëse Post vun der Sängerin, mee bei de Fans kënnt dës Aktioun awer dogéint relativ gutt un!