
Bei Tripadvisor fënnt een 1,8 Mio Butteker, 4,2 Mio. Restauranten an 1,1 Mio Hoteller. Et ass déi beschte Méiglechkeet sech Informatiounen iwwer Destinatiounen, Hoteller oder Restauranten ze huelen.
Fir de Service nach ze verbesseren huet een elo eng nei Fonctioun agefouert. Et kritt een eng Info op an deem Hotel deen ee sech grad ukuckt scho mol Leit sexuell belästeg gi sinn.
Esou Indice bleiwe bis zu 3 Méint online. Ob a wéini esou eng Warnung ageblent gëtt dat decidéiert dann e Gremium bei Tripadvisor selwer.
Et wëll een dass een esou stressfräi wéi méiglech aus der Vakanz erëm Heem kënnt.
