An hei?!Sushi-Bar fir Hënn

Zu Auckland an Neiséiland wäert den 3. Dezember eng Sushi-Bar fir Hënn opgoen.

Leschten Update: 16.11.2017, 10:06:08

Den 3. Dezember geet eng Sushi-Bar, déi just fir Hënn ass, zu Auckland an Neiséiland op. D’”Poochi Sushi”-Bar wäert just fir een eenzegen Dag op sinn an 3 Seancë proposéiere wou jeeweils 10-12 Hënn dierfen iesse kommen. D’Seancë passe sech och un d’Gréisst vun den Déieren un: déi klengst um 11h00, an déi méi grouss dann um 11h30 an 12h00. 15 Dollar kascht e Menü mat Sushi a Sashimi deen aus lokalem Saumon gemaach gëtt.

Den Organisateur vun dësem bis elo eenzegaartege Event ass d’Grupp “The Big Dog Walk With Lots of Dogs”.