An hei?!Eelere Mann sicht Leit fir Chrëschtdag ze feieren

Déi beschten Zäit fir zesumme mat der Famill ze sinn ass eng schwéier Zäit fir déi Leit, déi kee méi hunn.

Leschten Update: 21.11.2017, 13:39:58

© unsplash

Iwwert d'Chrëschtdeeg wëll wuel keen eleng feieren. Esou och en eeleren Här aus Däitschland deen an enger Supermarchéschaîne zu Berlin eng Annonce gedeelt hat. 

Am Bréif schreift de Mann, datt seng Fra verstuerwen ass an hien iwwert d'Feierdeeg en klenge Kress sicht deem hien sech kéint uschléissen fir d'Chrëschtdeeg ze feieren.



Eng Berlinerin huet den häerzege Message fotograféiert an op Facebook gedeelt. Den Numm an d'Adresse vum Här mat engem schwaarzer Marker duerchgestrach. A séier huet d'Geschicht d'Ronn gemaach. Deene Leit, déi dem Mann da wollten hëllefen hat d'Userin d'Adresse weidergeleet.

Wéi d'Fra däitsche Medie verroden huet, kéint de Mann all d'Uriff déi mëttlerweil erakoumen net méi geréieren.

Wéinst der héijer Nofro vun weidere Leit, déi an enger ähnlecher Situatioun wéi de Mann aus Berlin sinn, huet d'Userin decidéiert weider op dem Wee ze goen an Treffen z'organiséiere wou Leit, déi eleng sinn eng Plaz fanne fir mat anere Leit zesummen ze sinn.