
Ee Passagéier huet d’Kaz zoufällegerweis héieren an huet doropshin d’Police geruff. D’Fach huet misse mat vill Kraaft opgebrach ginn, fir d’Kaz Saphira ze befreien. D’Déier ass elo an engem Heem, wou et gutt verwinnt gëtt. D’Proprietärin vum Saphira ass och erëmfonnt ginn: si dierf elo keen Déier méi halen. Op dës Strof wierklech duergeet? Um Geriicht gëtt awer nach decidéiert wat mam Saphira geschéie wäert.