An hei?!App blockéiert Pornoen a weist Gebieder un

Indesch Neurologen hunn eng App entwéckelt, déi pornosüchteg Leit dorun hënnere soll, mam Smartphone op Sexportaler ze surfen.

Leschten Update: 22.11.2017, 08:02:00

Och wann d’Pornosucht net behandelt ka ginn, gëtt probéiert eppes dogéint ze maachen. Soubal en Notzer vun der “Har Har Mahadev” App op eng vun den 3800 registréierte Porno-Säiten zougräife wëll, gëtt se blockéiert. Aplaz kommen da reliéis Lidder a hinduistesch Gebieder. Och Zitater vum Nelson Mandela oder Gandhi ginn ofgespillt. Déi App gëtt et awer den Ament just an Indien.