
© PEDRO PARDO / AFP
De Luis weit mat 10 Méint schonn esou vill wéi een 8 oder 9 järegt Kand. Bei der Gebuert war alles normal, säi Gewiicht louch bei 3500 Gramm. Op eemol ass säi Gewiicht ganz séier an d’Luucht gaangen. Mat 2 Méint hat de Luis scho méi 10 Kilo. Seng Mamm versteet et net: bei hinnen doheem gëtt et nämlech nieft der Mammemëllech just fettaarm Mëllech, Friichten a Geméis z’iessen.
D’Dokteren, déi de Luis bis elo ënnersicht hunn, verstinn et och net. Dobäi huet hien e klenge Brudder dee sech komplett normal entwéckelt huet. D’Famill vum Kand sammelt elo Onlinespenden, fir sech en Expert leeschten ze kënnen. Verschidde Leit mengen dass et sech em eng Hormonen- a Schilddrösekrankheet handele kéint. Wann et esou weidergeet, kéint dem Luis säi Gewiicht liewensgeféierlech ginn.