An hei?!Borat-Schauspiller hëlleft 6 Tscheschen am "Mankini"

D'Männer goufen am Kasachstan vun den Autoritéite verhaft, well se bal plakeg am weltbekannte Bikini fir Männer als Borat verkleet ronderem gelaf waren.

Leschten Update: 22.11.2017, 11:50:31

Archiv-Foto afp© JURE MAKOVEC / AFP

De Borat-Créateur a britesche Schauspiller Sacha Baron Cohen setzt sech fir 6 Männer aus Tschechien an déi am Kasachstan als Borat verkleet d'Stroose vun der Haaptstad Astana onsécher gemaach haten. Dobai waren se net ugedoen, mä hate just ee sougenannte Mankini un, dee jo aus dem Film "Borat" bekannt gi war. 

D'Autoritéiten aus dem Kasachstan haten dat ganzt net witzeg fonnt an d'Männer wéinst der fräizugeger Aktioun verhaft a protokolléiert.



An engem Facebook-Post huet de Schauspiller d'Nouvelle gedeelt an sech direkt fir d'Männer agesat. Wéi et heescht wéilt hien d Käschten integral iwwerhuelen. D'Strof bedréit 22,500 Tenge pro Persoun ëmgerechent 57 Euro op de Kapp also. Keng wierklech héich Zomm...
© TORSTEN BLACKWOOD / AFP

De Charakter Borat Sagdiyev ass jo wéi den Ali G an de Brüno aus der Imaginatioun vum Baron Cohen enstanen. De Borat ass dobäi eng zimmlech béis a rassistesch Karikatur vum Land. A sengem Mockumentary Borat! Cultural Learnings of America for Make Benefit Glorious Nation of Kazakhstan aus dem Joer 2006 hat sech de Schauspiller och ganz onbeléift bei de Kasache gemaach, déi him virgehäit haten Kasachstan als onprogressiivt, sexistescht a verluerent Land duerzestellen.