An hei?!Um Wee op de Führerschäin-Büro de Bong ofgeholl kritt

Fuerstonnen, vill Suen an en Examen, esou leeft dat wann een de Führerschäin mécht. Dobäi kënnt nach dass dat ganzt net an engem Dag gemaach ass.

Leschten Update: 23.11.2017, 12:31:23

Kuerz Freed um Führerschäin hat e jonke Fransous dee nëmmen 1 Stonn nodeems hien de Bong (mol nach net) an der Täsch hat, dësen erëm lass war. Hien ass der Police duerch säi Fuerstil opgefall. D’Alkoholkontroll war negativ. D’Police huet och en Drogentest beim nach jonke Chauffer gemaach. Dëse war positiv.

Op d’Fro hin wou de Jong wollt hifueren sot dësen dass en ënnerwee fir op de Führerschäin-Büro wier, fir säi Bong sichen ze goen. Dat huet hien dierfen ze fouss maachen fir de Führerschäin dono de Beamten ofzeginn.