
© Youtube
E Video vun enger Militär-Zeremonie kuréiert grad am Internet ronderëm. Heibäi handelt et sech em eng Neivertounung vun enger Waffekontroll. Bei enger Waffen-Inspektioun ënnersicht een Offizéier d’Waff vun engem Zaldot a kuckt op d’Waff Funktiounsfäeg an och gutt gebotzt an ënnerhalen ass.
Den ursprénglech eeschte Video gëtt hei ganz séier witzeg, dat well dem Zaldot seng Beweegunge mat Sound-Effekter hannerluecht goufen.
Vu Roboter-Sounds bis Windows-Warnungen ass hei alles dobäi an zéien dës Zeremonie an d’Lächerlecht. Hei de Video: