An hei?!Amerikaner wëllt beweisen dass d'Äerd flaach ass

Mat enger selwer gebauter Rakéit wëllt een Amerikaner beweisen, dass d'Äerd eng Scheif ass.

Leschten Update: 26.11.2017, 17:21:10

Een Amerikaner vun 61 Joer mengt dass d‘Äerd eng Scheif ass. Fir dat ze beweisen, wëllt hien sech dëse Samschdeg mat enger selwer gebauter Rakéit an d’Luucht schéissen.  De Versuch soll iwwert der Mojave-Wüste a Kalifornien gestart ginn. D’Rakéit huet de Mann aus ale Stécker zesumme gebaut. Si soll mat Damp ugedriwwe ginn an hien op eng Héicht vun 600 Meter bréngen. Uewen wëllt hien da Fotoen maachen a sou beweisen, dass d’Äerd a Wierklechkeet eng Scheif ass.

Bei sengem leschten Experiment am Arizona hat de Mann därmoossen schwéier blesséiert ginn dass hien e puer Wochen laang just mat Kretschen konnt ënnerwee sinn.