An hei?!Budweiser suergt dofir dass et Béier um Mars wäert ginn

D’Firma huet annoncéiert, dass wann de Mënsch op de Mars geschéckt gëtt, och hire Béier do ze kréie wäert sinn.

Leschten Update: 01.12.2017, 10:40:00

© www.freepik.com

Budweiser wäert eng Rakéit mat Som op d’International Weltraum-Statioun schécken. Do soll getest gi wéi d’Reaktioun ass wa guer keng Schwéierkraaft méi do ass an op et iwwerhaapt méiglech ass Béier am Weltraum ze transportéieren an ze produzéieren. Eppes ass awer scho kloer: de Béier wäert am Weltraum net selwecht schmaachen.