An hei?!Ronaldo Junior seet dem Messi merci

Op Instagram bekennt sech de Jong vum Cristiano Ronaldo zu engem aaneren Fussball-Star...

Leschten Update: 06.12.2017, 04:17:03

© Ben STANSALL / AFP

Dem Cristiano Ronaldo Junior säin Papp ass keen Onbekannten wann et ëm de Fussball-Troun geet. Trotzdem huet de Fils vum weltbekannten Fussballspiller en anert Idol, wéi en op Instagram bekannt ginn huet.

"Merci mäin Idol" schreift de Jong ënnert eng Foto vun der "Ballon D'Or"-Gala vum läschte Joer, wou säin Papp zum Weltfussballspiller ernannt gi war.
Op der Foto gesäit een awer net just den Cristiano an säin Bouf, mä och wéi deen zweeten dem Lionel Messi d'Hand gëtt.

... den eegenen Papp ass eben heiansdo net cool genuch!