An hei?!Héiert där dëse Gif?

Verschidde Leit soen si géifen dëse Gif héieren. Dat obwuel et just animéiert Biller ouni Geräisch sinn. Dohannert stécht awer eng psychologesch Erklärung.

Leschten Update: 07.12.2017, 08:27:21

© screenshot twitter.com

Virun 30 Joer gouf de Gif (Graphics Interchange Format) an den USA an d'Liewe geruff; dat vun engem Team vu Computerwëssenschaftler.

Ganz rezent huet dann och ee Gif den Internet beschäftegt. Dee vun engem Mast deen iwwert eng Héichspannungsleitung "Seel" sprengt. De Gif staamt dobäi aus dem Joer 2008 huet awer elo een Revival kannt.

Verschidde Leit soen si géife ganz kloer ee Geräisch héieren, wéi de Mast ëmmer nees um Buedem opkënnt. Mee kann dat sinn?


Absolut! An dat Ganzt huet och eng wëssenschaftlech Erklärung:

Psychologe ginn dovun aus, datt Leit d'Geräisch héieren, well se et sech ganz einfach abilden. D'Illusioun ass eng sougenannte Synesthesie, bei där déi 2 oder méi Sënner, an dësem Fall d'Gehéier an d'Siicht, ongewollt vum Gehir zesummegehäit ginn. Wat mécht, datt een zum Beispill eppes héiert wat guer kee Toun vu sech ka ginn.