
De Kleesche flitt jo mat sengem Schlitt uerchter d’Welt a verdeelt Kaddoen. Ee Mann aus Florida wollt dat och probéieren an ass am Kleesecherskostüm aus engem Fliger gesprongen a wollt mat sengem Fallschierm op enger Plage lande fir do Kaddoen ze verdeelen. Ganz esou gudd ass di Aktioun dunn awer net verlaf…
De Gerard Krokus wollt u sech bei engem Charity Tourneier Kaddoe verdeelen. Hien ass awer mam Fallschierm fir d’éischt an e Bam, dunn an e Luuchtepotto geknuppt fir duerno op engem Volleyball Terrain ze landen. Resultat: Ee gebrachent Been, an e puer futtis Kaddoen...