An hei?!En Hond via Zëmmer-Service buchen!

Den Hotel Nikko zu San Francisco huet en eegenen Hond! Dëse begréisst d'Leit an der Receptioun a kann als Kuschel-Partner via Zëmmer-Service gebucht ginn!

Leschten Update: 10.01.2018, 15:26:18

© www.instagram.com/nikkopupsf

Am Hotel Nikko an Amerika sinn Hënn méi wéi wëllkomm! Nieft dem Hotel-Hond "Buster", dee souguer säin eegenen Instagram-Account huet, kënnen och d'Hënn vun de Gäscht sech wéi an der Vakanz fillen. Den Hënn ginn nämlech, genau wéi hire Meeschteren, gemittlech Better, Spillsaachen an aner Servicer ugebueden - alles fir dass den Hond sech am Hotel wuelfille kann. De "Buster" gehéiert genau esou zum Personal, wéi déi mënschlech Ugestallten: Hie begréisst d'Gäscht an der Receptioun, steet de Leit fir Selfien zur Verfügung a ka souguer iwwert den Zëmmer-Service gebucht ginn.