An hei?!Amerikanerin hëlt Milliounen-Jackpot net un

Eng Fra an den USA huet déi aachtgréissten Lottozomm gewonnen! An awer kann si sech net doriwwer freeën...

Leschten Update: 08.02.2018, 09:52:26

Eng Amerikanerin aus New-Hamphsire huet ee Lottogewënn vu 560 Milliounen US-Dollar ofgeraumt! Dat wier natierlech e Grond fir sech ze freeën, mee net esou an dësem Fall. D'Fra wëll hire Numm an hire Wunnuert net public maachen, e Gesetz an hirem Bundesstaat schreift dëst awer vir.

Grond heifir ass, datt d'Fra als Benevole an hirer Gemeng schafft an och nach weider onerkannt wëll bleiwen, sou hiren Affekot.

An der Vergaangenheet sinn dann och vill Lottogewënner Affer vu Gewaltverbrieche ginn. Dat wier nach en anere Grond, wisou d'Fra anonym wéilt bleiwen.

Esou war d'Freed vun der Amerikanerin just vu kuerzer Dauer, hire Lottogewënn kann se ënnert dëse Konditioune leider net ausgestallt kréien...