An hei?!Hamster gëtt um Fluchhafen d'Toilette erofgespullt...

Wëll eng Fra an den USA hiren Hamster net huet dierfe mat an de Fliger huelen, huet Si d'Déier einfach d'Toilette erofgespullt!

Leschten Update: 13.02.2018, 15:52:42

© www.pexels.com

Obwuel déi jonk Fra via Telefon vun der Airline fälschlecherweis bestätegt krut, dass Si hiren Hamster dierft mat an de Fliger huelen, huet dëst um Fluchhafe leider aneschters ausgesinn!

D'Fra krut vun der Airline verbueden den Hamster mat an de Fliger ze huelen an huet sech, eegenen Aussoen no, missten entscheeden, op Si den Hamster einfach fräi léist oder d'Toilette erofspulle wéilt!

Well d'Fra net wollt, dass d'Déier eleng ronderëmlafe géif, huet Si sech dofir entscheet, den Hamster d'Toilette erofzespullen, dëst awer just well anscheinend e Fluchhafen-Mataarbechter Si dozou gedrängt hätt!

D'Airline huet sech wuel dofir entschëllegt, dass d'Fra falsch informéiert gi wier, bestreit awer dass e Mataarbechter Si dozou gezwongen huet, d'Déier d'Toilette erofzespullen, respektiv iwwerhaapt ëmzebréngen! Dëst gesäit déi jonk Studentin allerdéngs net esou a well d'Airline elo ukloen, dëst well Si zu dëser grausamer Entscheedung gezwonge gi wier!