An hei?!Hëlleft dem Romeo säi Julia ze fannen!

Ënnert dem #MATCH4ROMEO probéiert eng ASBL an eng Dating-Säit dem bolivianesche Fräsch eng Partnerin ze fannen.

Leschten Update: 15.02.2018, 10:12:09

© CHRIS J RATCLIFFE / AFP

De Romeo ass en 11 Joer ale bolivianesche Waasser Fräsch.

Virun 10 Joer gouf en an der Wildnis vu Biologen agefaange well dem Romeo seng Spezies a Gefor ass.
Leider hunn d'Wëssenschaftler seitdeem keen eenzegen anere Fräsch vum Romeo senger Zort méi fonnt an di kleng Amphibië Spezies riskéiert auszestierwen.

Doropshin ass et zu enger eenzegaarteger Collaboratioun tëscht enger ASBL fir Amphibesch Preservatioun a Match.com komm.
Op der Dating Plattform gouf e Profil fir de Romeo opgestallt an där en de Leit souguer an engem klenge Video seng Situatioun erkläert.

Wie sech entscheet dem Romeo bei senger Sich no engem Partner an der Rettung vu senger Spezies ze hëllefen, kann op där Säit en Don maachen.

Dei kollektiv Zomm gëtt dann och nach vun der Dating-Säit verduebelt.