An hei?!E Chrëschtbeemchen setzt Wunneng a Brand, Mëtt Mäerz!

Eng eeler Koppel, déi nach ëmmer de Chrëschtbeemchen opgeriicht hat, wollt nach eemol d'Käerzen um Bam ufänken a setzt d'Wunneng a Brand.

Leschten Update: 12.03.2018, 16:13:09

© Koen van Weel / ANP / AFP

An enger Wunneng zu Alzey a Rheinland-Pfalz ass et de Weekend zu engem Brand komm. De Grond: E Chrëschtbeemchen hat Feier gefaangen.

Eng eeler Koppel hat e Samschdeg den Owend nach eemol d'Käerzen um Chrëschtbeemchen ugefaangen, dee Mëtt Mäerz nach ëmmer an der Wunneng opgeriicht war. D'Pompjeeë konnten de Brand séier läschen an en Iwwergräifen op aner Wunnenge verhënneren.

E 77 Joer ale Mann ass mat enger Dampvergëftung a liichte Verbrennungen an d'Spidol komm. Seng 75 Joer al Fra gouf net blesséiert.