An hei?!Gaardenzwerge sinn no Weltrees erëm zréck zu Lëtzebuerg!

Virun engem Joer goufen déi dräi Zwerge geklaut! D'Hoffnung se erëmzefannen haten d'Besëtzer schonn opginn, elo sinn déi dräi nees opgedaucht!

Leschten Update: 13.03.2018, 17:46:30

© https://www.facebook.com/julia.fusulier

Virum engem Joer goufen hei zu Lëtzebuerg dräi Zwerge geklaut. D'Famill huet se vermësst a selbstverständlech no hinne gesicht - leider ouni Erfolleg! Elo no engem Joer, nodeems d'Famill d'Hoffnung schonn opginn huet, goufen déi dräi Zwergen erëm ganz bei hirer Famill ofginn! E bësse matgeholl gesinn déi dräi schonn aus, mee no sou ville Reesen ass dëst jo och e bëssen normal! De Kidnapper huet net nëmmen d'Zwergen erëmbruecht, mee och eng ganz Rëtsch Fotoen dobäi geluecht, wou d'Zwergen iwwerall an der Vakanz waren. Och wann dëst ganz offensichtlech mat Photoshop gemaach gouf, freet d'Famill vun den Zwerge sech awer elo, wou hir Zwergen e ganzt Joer laang waren a wie wuel de Begleeder (aka Kidnapper) vun den Zwerge war!?

Wien eppes iwwert dëse skurrille Fall weess, ka sech ganz gäre bei eis oder bei der Famill mellen!