An hei?!Paper Pickup Challenge! Kritt Dir et hin?

E Blatt Pabeier mam Mond ophiewen - dat kann net esou schwéier sinn! Oder? Et gëtt eng nei Challenge!

Leschten Update: 16.04.2018, 17:58:15

© Youtube Screenshot

Zënter e puer Méint mécht déi sou genannten "Paper Pickup Challenge" d'Ronn op Youtube an an anere sozialen Netzwierker.

Konkret soll een en A4 Blat an der Mëtt falen, op de Buedem opstellen a mam Mond ophiewen. Allerdéngs dierf ee just mat engem Fouss um Buedem stoen. Aner Kierperdeeler dierfen de Buedem net bereieren.

Net sou schwéier, oder? Kritt Dir et hin?

Kuckt hei:







Dat hei ass dann éischter fir d'Profien. D'Post-it Variante!