An hei?!Auto an Trap geparkt

An der Stad huet ee säin Auto an enger Trap geparkt. Ob gewollt oder ongewollt ass net gewosst, vum Chauffer feelt all Spuer.

Leschten Update: 27.04.2018, 19:00:23

© Police Luxembourg / Facebook

Net schlecht gestaunt huet d'Police en Donneschdeg de Mueren an der Stad wéi si ee klenge Won am Passage "Gëlle Klack" gesinn hunn. Ee Chauffer hat säin Auto do an enger Trap geparkt.

Wéi d'Police op hirer Facebooksäit schreift, ass net ganz kloer wat konkret geschitt ass. Den Auto war net zougespaart a vum Chauffer huet all Spuer gefeelt. De Won huet missen ofgeschleeft ginn, wat der Police no net sou einfach war.